Scriptures
Moses 6


Kapitel 6

(November–Dezember 1830)

Dem Adam seng Nokomme féieren e Gedenkbuch—Seng gerecht Nokomme priedegen d’Ëmkéiert—Gott offenbaart sech dem Henoch—Den Henoch priedegt d’Evangelium—De Plang vun der Erléisung gouf dem Adam offenbaart—Hie krut d’Daf an d’Priistertum.

1 An den Adam huet op d’Stëmm Gottes héieren an huet seng Jongen zur Ëmkéiert geruff.

2 An den Adam huet seng Fra nach eng Kéier erkannt, an hatt huet ee Jong gebuer, an hien huet en Set genannt. An den Adam huet den Numm Gottes verherrlecht; well hien huet gesprach: Gott huet mir een anere Jong bestallt amplaz vum Abel, deen de Kain doutgeschloen huet.

3 A Gott huet sech dem Set reveléiert, an hien huet sech net géint hie rebelléiert, mee huet een akzeptabelt Affer duerbruecht wéi säi Brudder Abel. An och him gouf ee Jong gebuer, an hien huet en Enos genannt.

4 An dunn hunn dës Männer ugefaangen, den Numm vum Här unzeruffen, an den Här huet si geséint.

5 An ee Buch vun der Erënnerung gouf gefouert, wouranner an der Sprooch vum Adam Opzeechnunge gemaach goufen; well alleguerten, déi Gott ugeruff hunn, gouf et ginn, ënnert dem Geescht vun der Inspiratioun ze schreiwen;

6 a si hunn hire Kanner liesen a schreiwe geléiert, a si haten eng Sprooch, déi reng an net verduerwe war.

7 Dëst selwecht Priistertum awer, dat um Ufank war, wäert och um Enn vun der Welt sinn.

8 Dës Prophezeiung huet den Adam ausgesprach, wéi hie vum Hellege Geescht dozou beweegt gouf, a vun de Kanner Gottes gouf eng Genealogie gefouert. An d’Buch vun de Generatioune vum Adam ass dëst, nämlech: Un deem Dag, wou Gott de Mënsch erschaf huet, do huet hien e Gott selwer änlech erschaf;

9 als Bild vu sengem eegene Leif huet hien si erschaf, Mann a Fra, an hien huet si geséint an huet si Adam genannt un deem Dag, wou si erschaf goufen an am Land um Fousshocker Gottes zu liewege Séile goufen.

10 An den Adam huet honnertdrësseg Jore gelieft an huet ee Jong prokreéiert, deen him änlech war wéi säi Bild, an hien huet e Set genannt.

11 An déi Deeg vum Adam, nodeems hien de Set prokreéiert hat, waren aachthonnert Joren, an hien huet vill Jongen an Duechtere prokreéiert;

12 an all Deeg vum Adam, déi hie gelieft huet, waren nénghonnertdrësseg Joren, an hien ass gestuerwen.

13 De Set huet honnertfënnef Jore gelieft an huet den Enos prokreéiert; an hien huet prophezeit all seng Deeg an huet säi Jong Enos an de Weeër Gottes beléiert; dofir huet och den Enos prophezeit.

14 An de Set huet, nodeems hien den Enos prokreéiert hat, aachthonnertsiwe Jore gelieft an huet vill Jongen an Duechtere prokreéiert.

15 An d’Kanner vun de Mënsche goufe vill op der Äerd. An an deenen Deeg hat de Satan grouss Herrschaft ënnert de Mënschen an huet an hiren Häerzer gewullt; a vun do un koum et zu Kricher a Bluttvergéissen; a verschidde Leit hunn hir Hand géint hir Bridder geriicht, hinnen den Dout ze bréngen—well si an hirem Striewen no Muecht geheim Wierker begaangen hunn.

16 All Deeg vum Set waren nénghonnertzwielef Joren, an hien ass gestuerwen.

17 An den Enos huet nonzeg Jore gelieft an huet de Kenan prokreéiert. An den Enos an dat iwwregt Vollek Gottes sinn aus dem Land Schulon ewech gezunn an hunn an engem Land vun der Verheeschung gewunnt, dat hien no sengem Jong benannt huet, deen hie Kenan genannt hat.

18 An den Enos huet, nodeems hien de Kenan prokreéiert hat, aachthonnertfënnef Jore gelieft an huet vill Jongen an Duechtere prokreéiert. An all Deeg vum Enos waren nénghonnertfënnef Joren, an hien ass gestuerwen.

19 An de Kenan huet siwwenzeg Jore gelieft an huet de Mahalalel prokreéiert; an de Kenan huet, nodeems hien de Mahalalel prokreéiert hat, aachthonnertvéierzeg Jore gelieft an huet Jongen an Duechtere prokreéiert. An all Deeg vum Kenan waren nénghonnertzéng Joren, an hien ass gestuerwen.

20 An de Mahalalel huet fënnefasiechzeg Jore gelieft an huet de Jered prokreéiert; an de Mahalalel huet, nodeems hien de Jered prokreéiert hat, aachthonnertdrësseg Jore gelieft an huet Jongen an Duechtere prokreéiert. An all Deeg vum Mahalalel waren aachthonnertfënnefannonzeg Joren, an hien ass gestuerwen.

21 An de Jered huet honnertzweeasiechzeg Jore gelieft an huet den Henoch prokreéiert; an de Jered huet, nodeems hien den Henoch prokreéiert hat, aachthonnert Jore gelieft an huet Jongen an Duechtere prokreéiert. An de Jered huet dem Henoch all Weeër Gottes geléiert.

22 An dat also ass d’Genealogie vun de Jonge vum Adam, deen dee Jong Gottes war, mat deem Gott selwer geschwat hat.

23 A si ware Priedeger vun der Gerechtegkeet an hu gesprach a prophezeit an iwwerall all Mënschen zur Ëmkéiert geruff; an de Mënsche gouf Glawe geléiert.

24 An et huet sech erginn: All Deeg vum Jered waren nénghonnertzweeasiechzeg Joren, an hien ass gestuerwen.

25 An den Henoch huet fënnefasiechzeg Jore gelieft an huet de Metuschelach prokreéiert.

26 An et huet sech erginn: Den Henoch ass am Land ronderëm gezunn, ënnert dem Vollek; a wéi hie ronderëm gezunn ass, koum de Geescht Gottes aus dem Himmel erof an huet op him gerout.

27 An hien huet eng Stëmm vum Himmel héieren, nämlech: Henoch, mäi Jong, prophezei dësem Vollek a schwätz zu hinnen: kéiert ëm, well sou schwätzt den Här: Ech si rosen op dëst Vollek, a meng grimmeg Roserei ass géint et entflaamt; well hiert Häerz ass haart ginn, an hir Oueren héiere schwéier, an hir Ae kënnen net méi wäit gesinn;

28 an dës vill Generatioune laang, jo, zënter deem Dag, wou ech si erschaf hunn, ginn si queesch a leegne mech a sichen an der Däischtert nëmmen hiren eegene Rot; an an hire Grujele stellen si Mord vir, a si halen net déi Geboter, déi ech hirem Papp Adam ginn hunn.

29 Dofir hunn si falsch geschwuer, an duerch hir Eeden hunn si den Dout iwwert sech bruecht; an ech loossen hinnen eng Hell prett maachen, wann si net ëmkéieren;

30 an dëst ass en Dekreet, deen ech um Ufank vun der Welt un, aus mengem eegene Mond ergoe gelooss hunn, an duerch de Mond vu menge Kniechten, denge Pappen, hunn ech e verkënnegt, jo, wéi en an d’Welt erausgeschéckt wäert gi bis un hir Ennen.

31 A wéi den Henoch dës Wierder héieren hat, huet hien sech virum Här op de Buedem genäipt, an hien huet virum Här gesprach, nämlech: Wisou hunn ech Gonscht an dengen Ae fonnt, wou ech dach nëmmen ee Bouf sinn an d’ganz Vollek mech haasst; well meng Sprooch ass onbehollef. Firwat also sinn ech däi Kniecht?

32 An den Här huet zum Henoch gesprach: Géi hin a maach, wéi ech dir kommandéiert hunn, a kee wäert dech erstiechen. Maach däi Mond op, an e wäert erfëllt ginn, an ech wäert dir ze schwätzen aginn; well all Fleesch ass a menger Hand, an ech wäert maachen, wéi et mir gutt schéngt.

33 Schwätz zu dësem Vollek: Wielt iech haut, datt dir Gott dem Här dénge wëllt, deen iech erschaf huet.

34 Kuck, mäi Geescht rout op dir, dofir wäert ech all deng Wierder rechtfäerdegen; an d’Bierger wäerte virun dir weechen, an d’Flëss wäerten sech aus hirem Laf dréinen; an du wäerts a mir verbleiwen an ech an dir; dofir wandel mat mir.

35 An den Här huet zum Henoch gesprach an zu him gesot: Sallef dir d’Ae mat Leem, a wäsch se, da wäerts du gesinn. An hien huet et sou gemaach.

36 An hien huet déi Geeschter gesinn, déi Gott erschaf hat, an hien huet och Saache gesinn, déi fir dat natierlecht A net siichtbar sinn; a vun do un ass d’Ried duerch d’ganzt Land gaangen: Ee Seher huet den Här fir säi Vollek erwächt.

37 An et huet sech erginn: Den Henoch ass an d’Land higaangen, ënnert d’Vollek, huet sech op d’Hiwwelen an Erhéijunge gestallt an huet mat haarder Stëmm geruff an huet Temoignage géint hir Wierker ginn; an all Mënschen hunn Ustouss un him geholl.

38 A si sinn higaangen op d’Erhéijungen, fir hien ze héieren, an si hunn zu den Oppasser vun den Zelter gesprach: Bleift hei a passt op d’Zelter op, wärend mir eriwwer ginn, fir de Seher ze gesinn; well hie prophezeit, a Komesches geschitt am Land: ee Wëllen ass bei eis komm.

39 An et huet sech erginn: Wéi si hien héieren hunn, huet keen Hand un hie geluecht; well Angscht ass iwwert alleguerte komm, déi hien héieren hunn; well hien ass mat Gott gewandelt.

40 An et koum ee Mann bei hien, dee Machija geheescht huet, an huet zu him gesprach: So eis kloer, wien s du bass a wouhier s du kënns.

41 An hien huet zu hinne gesprach: Ech sinn aus dem Land Kenan komm, dem Land vu menge Pappen, engem Land vun der Gerechtegkeet bis haut. A mäi Papp huet mech an all Weeër Gottes beléiert.

42 An et huet sech erginn: Wéi ech aus dem Land Kenan gezu sinn, um Waasser am Osten, do hat ech eng Visioun; a kuckt do, ech hunn d’Himmelen erbléckt, an den Här huet mat mir gesprach an huet mir ee Gebot ginn; an dofir, aus dësem Grond, nämlech fir d’Gebot ze halen, schwätzen ech dës Wierder.

43 An den Henoch ass mat senger Ried weidergefuer, nämlech: Den Här, dee mat mir geschwat huet, ass de Gott vum Himmel, an hien ass mäi Gott an äre Gott, an dir sidd meng Bridder, a firwat sicht dir Rotschlag bei iech selwer a verleegent de Gott vum Himmel?

44 D’Himmelen huet hien erschaf, d’Äerd ass säi Fousshocker, an hir Grondlag ass säin. Kuckt, hien huet se geluecht, an eng Mass vu Mënschen huet hien op se bruecht.

45 An Dout ass iwwert eis Pappe komm; an awer kenne mir si a kënnen dëst net verleegnen, jo, an och den éischte vun alleguerte kenne mir, nämlech den Adam.

46 Well mir hunn bei eis ee Buch vun der Erënnerung geschriwwen nom Muster, dat duerch de Fanger Gottes gi ginn ass; an et ass an eiser eegener Sprooch ginn.

47 A wéi den Henoch d’Wierder Gottes ausgesprach huet, huet d’Vollek geziddert a konnt net a senger Géigewaart aushalen.

48 An hien huet zu hinne gesprach: Mir sinn, well den Adam gefall ass; an duerch säi Fall ass den Dout komm an et ass mat eis esou ginn, datt mir u Leed a Misär Deel hunn.

49 Kuckt, de Satan ass ënner d’Mënsche komm an huet si dozou bruecht, hien ze veréieren; an d’Mënschen si fleeschlech, sënnlech a verdäiwelt ginn a sinn aus der Géigewaart Gottes ausgeschloss.

50 Awer Gott huet eise Pappe gewisen, datt d’Mënschen alleguerten ëmkéiere mussen.

51 An hien huet eise Papp Adam mat senger Stëmm ugeruff, nämlech: Ech si Gott; ech hunn d’Welt erschaf a genausou d’Mënschen, bevir si am Fleesch waren.

52 An hien huet zu him och gesprach: Wann s du dech mir zouwenns an op meng Stëmm lauschtere wëlls, wann s du gleewen a vun all dengen Iwwertriedungen ëmkéieren an dech deefe loosse wëlls, nämlech am Waasser, an zwar am Numm vu mengem Eenzeg Prokreéierte Jong, dee voller Gnod a Wourecht ass, nämlech de Jesus Christus—den eenzegen Numm ënnert dem Himmel, wouduerch de Mënschen Erléisung accordéiert ka ginn, da wäerts du d’Gab vum Hellege Geescht empfänken, an du solls alles a sengem Numm froen, a wat s du froe wäerts, dat wäert dir gi ginn.

53 An eise Papp Adam huet zum Här gesprach a gesot: Wisou mussen d’Mënschen ëmkéieren an sech am Waasser deefe loossen? An den Här huet zum Adam gesprach: Kuck, ech hunn dir deng Iwwertriedung am Gaart vun Eden verzien.

54 Dohier koum ënnert dem Vollek iwwerall d’Ried op, de Jong Gottes hätt déi ursprénglech Schold gesühnt, sou datt doduerch d’Sënde vun den Elteren net de Kanner op d’Schëllere geluecht kënne ginn, well dës si vun der Grondleeung vun der Welt un heel.

55 An den Här huet zum Adam gesprach, nämlech: Well deng Kanner a Sënd empfaange sinn, jo, sou keimt d’Sënd an hirem Häerz, wann si ufänken opzewuessen; a si schmaachen dat Battert, fir datt si dat Gutt ze wierdege wëssen.

56 An esou ass et hinne ginn, Gutt vu Béis ze ënnerscheeden; dofir kënnen si selbststänneg entscheeden, an ech hunn iech nach ee weidert Gesetz a Gebot ginn.

57 Dofir enseignéier denge Kanner, datt all Mënschen, wou och ëmmer, ëmkéiere mussen, soss kënnen si op kee Fall d’Räich Gottes ierwen, well näischt Onrenges kann do wunnen oder a senger Géigewaart bleiwen; well an der Sprooch vum Adam heescht hie Mënsch vun der Hellegkeet, a säin Eenzeg Prokreéierten heescht dem Mënsch säi Jong, jo, de Jesus Christus, ee gerechte Riichter, deen an der Mëtt vun der Zäit komme wäert.

58 Dofir ginn ech dir d’Gebot, denge Kanner fräi an éierlech dëst ze enseignéieren, nämlech:

59 Als Resultat vun Iwwertriedung kënnt de Fall, an de Fall bréngt den Dout; a wou dir duerch Waasser a Blutt an de Geescht, deen ech erschaf hunn, an d’Welt gebuer ginn an aus Stëbs zu enger lieweger Séil gi sidd, sou musst dir an d’Himmelräich vun neiem gebuer ginn, nämlech aus Waasser an dem Geescht, a musst duerch Blutt propper gemaach ginn, nämlech d’Blutt vu mengem Eenzeg Prokreéierten, fir datt dir vun all Sënd gehellegt gitt an iech freeë kënnt un de Wierder vum éiwege Liewen an dëser Welt an un éiwegem Liewen an der zukünfteger Welt, jo, un onstierflech Herrlechkeet.

60 Well duerch d’Waasser haalt dir d’Gebot, duerch de Geescht gitt dir gerechtfäerdegt, an duerch d’Blutt gitt dir gehellegt;

61 dofir ass et iech ginn, datt et an iech bleift: den Temoignage vum Himmel, den Tréischter, dat Friddlecht vun der onstierflecher Herrlechkeet, d’Wourecht vun all Saachen, dat, wat alles belieft, wat alles lieweg mécht, dat, wat alles weess an no der Weisheet, Baarmhäerzegkeet, Wourecht, Gerechtegkeet a Jurisprudenz all Muecht huet.

62 An elo kuck, ech soen dir: Dat ass de Plang vun der Erléisung fir all Mënschen, jo, duerch d’Blutt vu mengem Eenzeg Prokreéierten, deen an der Mëtt vun der Zäit komme wäert.

63 A kuck, alles huet säi Gläiches, an alles ass vu mir erschaf a gemaach ginn, datt et vu mir Temoignage gëtt, souwuel dat, wat zäitlech ass, wéi och dat, wat geeschteg ass, dat wat uewen am Himmel ass, an dat, wat op der Äerd ass, an dat, wat an der Äerd ass, an dat, wat ënnert der Äerd ass—uewe wéi ënnen: alles gëtt Temoignage vu mir.

64 An et huet sech erginn: Wéi den Här mam Adam, eisem Papp, geschwat hat, do huet den Adam zum Här geruff, an hie gouf vum Geescht vum Här ewechgefouert a gouf an d’Waasser erofgedroen a gouf ënner Waasser geluecht a gouf aus dem Waasser ervirbruecht.

65 An esou ass hie gedeeft ginn, an de Geescht Gottes ass op hien erof komm, an esou ass hien aus dem Geescht gebuer an am bannenzege Mënsch belieft.

66 An hien huet eng Stëmm aus dem Himmel héieren, nämlech: Du bass mat Feier an dem Hellege Geescht gedeeft. Dëst ass den Temoignage vum Papp a vum Jong, vun elo un a fir ëmmer;

67 an du bass no der Uerdnung vun deem, deen ouni Ufank vun den Deeg an ouni Enn vun de Joren ass, vun all Éiwegkeet an all Éiwegkeet.

68 Kuck, du bass eens a mir, ee Jong Gottes; an esou kënnen alleguerte meng Jonge ginn. Amen.