Kapitel 7
(Dezember 1830)
Den Henoch léiert, féiert d’Leit a versetzt Bierger—D’Stad Zion gëtt gegrënnt—Den Henoch gesäit d’Komme vum Jong vum Mënsch, Säi Sacrifice an d’Operstéiung vun den Hellegen—Hie gesäit d’Restauratioun, d’Versammlung, d’Zweete Kommen an d’Réckkéier vun Zion.
1 An et huet sech erginn: Den Henoch huet seng Ried weider geschwat, nämlech: Kuckt, eise Papp Adam huet eis dëst enseignéiert, a vill hu gegleeft a si Jonge Gottes ginn, a vill hunn net gegleeft a sinn an hire Sënden ënner gaangen a fäerte voll Angscht, a Qual, doriwwer, datt d’Roserei Gottes sech a feireger Entrëschtung iwwert si schëtt.
2 A vun där Zäit un huet den Henoch mat prophezeien ugefaangen, andeems hien zum Vollek gesprach huet, nämlech: Wéi ech ronderëm gezu sinn an um Uert Machuja stoung an zum Här geruff hunn, do koum aus dem Himmel eng Stëmm, nämlech: Dréin ëm a géi op de Bierg Simeon.
3 An et huet sech erginn: Ech hunn ëmgedréint a sinn op de Bierg geklommen; a wéi ech um Bierg stoung, hunn ech d’Himmelen op gesinn, an ech gouf vun Herrlechkeet enveloppéiert;
4 an ech hunn den Här gesinn, an hie stoung viru mengem Gesiicht, an hien huet mat mir geschwat, wéi ee Mënsch mam anere schwätzt, vu Gesiicht zu Gesiicht; an hien huet zu mir gesprach: Kuck, well ech wëll dir d’Welt weisen, vill Generatioune laang.
5 An et huet sech erginn: Ech hunn an d’Dall Schum gekuckt, a kuckt do, ee grousst Vollek, dat an Zelter gewunnt huet, jo, d’Vollek Schum.
6 An den Här huet weider zu mir geschwat: Kuck; asn ech hunn an den Norde gekuckt an hunn d’Vollek Kanaan gesinn, dat an Zelter gewunnt huet.
7 An den Här huet zu mir gesprach: Prophezei; an ech hu prophezeit, nämlech: Kuckt, d’Vollek Kanaan, dat sou grouss ass, wäert sech a Schluechtuerdnung géint d’Vollek Schum opmaachen an et doutschloen, sou datt et komplett vernicht wäert sinn; an d’Vollek Kanaan wäert sech am Land verdeelen, an d’Land wäert dréchen an onfruchtbar ginn, a keen anert Vollek wäert do wunne wéi nëmmen d’Vollek Kanaan;
8 Well kuckt, den Här wäert dat Land mat grousser Hëtzt verfluchen, an Onfruchtbarkeet wäert do si fir ëmmer; an et ass Schwäerzt iwwer d’Kanner Kanaan komm, sou datt si ënnert de Vëlker alleguerte veruecht goufen.
9 An et huet sech erginn: Den Här huet zu mir gesprach: Kuck, an ech hu gekuckt an hunn d’Land Scharon an d’Land Henoch an d’Land Omner an d’Land Heni an d’Land Schem an d’Land Haner an d’Land Hananniha mat all hire Bewunner gesinn;
10 An den Här huet zu mir gesprach: Géi hin zu dësem Vollek a schwätz zu hinnen—Kéiert ëm, datt ech net hikommen an si mat engem Fluch schloen an si stierwen.
11 An hien huet mir dat Gebot ginn, am Numm vum Papp a vum Jong, dee voller Gnod a Wourecht ass, a vum Hellege Geescht, deen Temoignage gëtt vum Papp a vum Jong, ze deefen.
12 An et huet sech erginn: Den Henoch huet weiderhin all Vëlker zur Ëmkéiert geruff, ausser d’Vollek Kanaan.
13 An de Glawe vum Henoch war esou grouss, datt hien d’Vollek Gottes gefouert huet. An hir Feinde sinn zum Kampf erugezunn; an hien huet d’Wuert vum Här geschwat, do huet d’Äerd geziddert an d’Bierger sinn ewech geréckelt, jo, no sengem Gebot; an d’Flëss hunn sech aus hirem Laf gedréint, an aus der Wüüst war d’Brëlle vun de Léiwen ze héieren; an all Natiounen hu ganz vill gefaart, sou mächteg war dem Henoch säi Wuert, an sou grouss war d’Muecht vun der Sprooch, déi Gott him ginn hat.
14 An et koum och ee Land aus der Déift vum Mier erop, an sou grouss war d’Angscht vun de Feinde vum Vollek Gottes, datt si fort gelaf sinn an sech wäit ewech opgestallt hunn an op dat Land gaange sinn, dat aus der Déift vum Mier komm war.
15 An och d’Rise vum Land hunn sech wäit ewech higestallt; an et koum ee Fluch iwwert d’Vëlker alleguerten, déi géint Gott gekämpft hunn;
16 a vun där Zäit un goufen et Kricher a Bluttvergéissen ënnert hinnen; awer den Här ass komm an huet bei sengem Vollek gewunnt, a si hunn a Gerechtegkeet gelieft.
17 D’Angscht virum Här louch op allen Natiounen, sou grouss war d’Herrlechkeet vum Här, déi op sengem Vollek gerout huet. An den Här huet d’Land geséint, an op de Bierger waren si geséint an op den Erhéijungen, an et ass hinne wuel ergaangen.
18 An den Här huet säi Vollek Zion genannt, well si aus engem Häerz an engem Geescht waren an a Gerechtegkeet gelieft hunn; an et goufen ënnert hinne keng Aarm.
19 An den Här huet weider gemaach, dem Vollek Gottes a Gerechtegkeet ze priedegen. An et huet sech erginn: A sengen Deeg huet hien eng Stad gebaut, déi een d’Stad vun der Hellegkeet genannt huet, jo, Zion.
20 An et huet sech erginn: Den Henoch huet mam Här geschwat, an hien huet zum Här gesprach: Gewëss wäert Zion a Sécherheet wunne fir ëmmer. Awer den Här huet zum Henoch gesprach: Geséint hunn ech Zion, awer dat iwwregt Vollek hunn ech verflucht.
21 An et huet sech erginn: Den Här huet dem Henoch all Bewunner vun der Äerd gewisen; an hien huet gesinn, a kuckt do, Zion gouf am Laf vun der Zäit an den Himmel opgeholl. An den Här huet zum Henoch gesprach: Kuck meng Wunnenge fir ëmmer.
22 An den Henoch huet och dat iwwregt Vollek vun de Jonge vum Adam gesinn; a si waren ee Gemësch aus allen Nokomme vum Adam ausser deene vum Kain, well d’Nokomme vum Kain ware schwaarz an haten ënnert hinne keng Plaz.
23 An nodeems Zion an den Himmel opgeholl gi war, huet den Henoch gekuckt, a kuckt do, all Natioune vun der Äerd ware viru sengen Aen.
24 An et koum eng Generatioun no der anerer; an den Henoch war héich an erhéicht, jo, am Schouss vum Papp a vum Jong vum Mënsch; a kuckt, d’Muecht vum Satan war iwwert der ganzer Äerd.
25 An hien huet Engelen aus dem Himmel erofkomme gesinn, an hien huet eng haart Stëmm héieren, nämlech: Wéi, Wéi de Bewunner vun der Äerd.
26 An hien huet de Satan gesinn, an hien hat eng grouss Ketten an der Hand, an se huet déi ganz Äerd mat Däischtert iwwerzunn; an hien huet gekuckt a gelaacht, a seng Engelen hunn sech gefreet.
27 An den Henoch huet Engelen aus dem Himmel erofkomme gesinn, déi Temoignage ofgeluecht hu vum Papp a vum Jong; an den Hellege Geescht ass op vill gefall, a si goufen duerch d’Kräfte vum Himmel no Zion geréckelt.
28 An et huet sech erginn: De Gott vum Himmel huet déi ugekuckt, déi vum Vollek nach iwwreg waren an huet gekrasch; an den Henoch huet dovunner Temoignage ginn, nämlech: Wisou kräischen d’Himmelen a vergéissen Tréine wéi Reen, deen op d’Bierger fält?
29 An den Henoch huet zum Här gesprach: Wisou kanns du kräischen, wou s du dach helleg bass, wou s du dach vun Éiwegkeet zu Éiwegkeet bass?
30 A souguer wann et méiglech wär, datt de Mënsch déi Deelercher vun der Äerd ziele kéint, jo, Milliounen Äerden dëser gläich, sou wär dat nach net eemol den Ufank vun der Zuel vun denge Kreatiounen; an deng Riddoe sinn nach ëmmer ausgespaant; an awer bass du do, an däi Schouss ass do; an du bass och gerecht; du bass baarmhäerzeg a wëlls eist Wuel fir ëmmer;
31 an du hues Zion an däi Schouss opgeholl, aus all denge Kreatiounen, vun all Éiwegkeet bis an all Éiwegkeet; an näischt als Fridden, Gerechtegkeet a Wourecht ass déi Plaz vun dengem Troun; a Baarmhäerzegkeet wäert däi Gesiicht begleeden a keen Enn hunn; wisou kanns du kräischen?
32 Den Här huet zum Henoch gesprach: Kuck dës deng Bridder: si sinn d’Wierk vu mengen Hänn, an ech hunn hinnen hiert Wësse ginn un deem Dag, wou ech si erschaf hunn; an am Gaart vun Eden hunn ech dem Mënsch erlaabt, selbststänneg ze handelen.
33 An zu denge Bridder hunn ech gesot an hinnen och dat Gebot ginn, datt si een de anere gäre sollen hunn an datt si mech, hire Papp, wiele sollen; awer kuck, si sinn ouni Léift an haassen hiert eegent Blutt;
34 an d’Feier vu menger Entrëschtung ass géint si entflaamt, an a menger heftege Frustratioun wëll ech Iwwerschwemmung iwwert si erof schécken, well meng grimmeg Roserei ass géint si entflaamt.
35 Kuck, ech si Gott; Mënsch vun der Hellegkeet ass mäin Numm; Mann vum Rot ass mäin Numm; an Onendlech an Éiweg ass och mäin Numm.
36 Dofir kann ech meng Hänn ausstrecken an all Kreatioune faassen, déi ech erschaf hunn; an och mäin A kann se duerchdréngen, an ënnert all Wierker vu mengen Hänn huet et keng sou grouss Béist gi wéi ënnert denge Bridder.
37 Awer kuck, hir Sënde sollen hire Pappen um Kapp leien; de Satan wäert hire Papp sinn, a Misär wäert hiert Lous sinn; an all Himmele wäerten iwwert si kräischen, jo, dat ganzt Wierk vu mengen Hänn; firwat also sollen d’Himmelen net kräischen—wëssend datt dës leide wäerten?
38 Awer kuck, dës hei, op deenen deng Ae rouen, wäerten an Iwwerschwemmungen ënner goen; a kuck, ech wäert si aspären, ee Prisong hunn ech fir si prett gemaach.
39 An deen, deen ech gewielt hunn, huet viru mir fir si geschwat. Dofir leit hie fir hir Sënden, souwäit si Ëmkéiert üben un deem Dag, wou mäi Gewielte bei mech zeréckkomme wäert; bis zu deem Dag wäerten si Quale leiden.
40 Dofir wäerten d’Himmelen doriwwer kräischen, jo, an dat ganzt Wierk vu mengen Hänn.
41 An et huet sech erginn: Den Här huet zum Henoch gesprach an huet him all Maache vun de Mënsche reportéiert; dofir huet den Henoch gewosst, an hien huet op hir Béist an hire Misär gebléckt, an hien huet gekrasch a seng Äerm ausgestreckt, a säin Häerz ass him geschwollen an d’Onendlecht, a säi Banneschtes war voll Matleed; an déi ganz Éiwegkeet huet gebieft.
42 An den Henoch huet och den Noah a seng Famill gesinn an datt d’Nokomme vun all Jonge vum Noah mat enger zäitlechen Erléisung gerett wäerte géifen;
43 dofir huet den Henoch gesinn, datt den Noah eng Arch gebaut huet an datt den Här op si erof lächelt an si a senger Hand gehalen huet; awer iwwer déi iwwreg, déi Béis, sinn d’Iwwerschwemmungen era gebrach an hunn si verschlongen.
44 A wéi den Henoch dëst gesinn huet, ass seng Séil batter ginn, an hien huet gekrasch iwwert seng Bridder an huet zu den Himmele gesprach: Ech wëll net getréischt sinn, awer den Här huet zum Henoch gesprach: Hief däin Häerz héich a sief frou, a kuck.
45 An et huet sech erginn: Den Henoch huet gekuckt, a vum Noah un huet hien all Famillje vun der Äerd erbléckt; an hien huet zum Här geruff, nämlech: Wéini wäert den Dag vum Här kommen? Wéini wäert d’Blutt vum Gerechte vergoss ginn, fir datt alleguerten, déi traueren, gehellegt ginn an éiwegt Liewe kënnen hunn?
46 An den Här huet gesprach: An der Mëtt vun der Zäit wäert et sinn, an den Deeg vun der Schlechtegkeet a Vergeltung.
47 A kuckt, den Henoch huet den Dag gesinn, wou de Jong vum Mënsch komm ass, jo, am Fleesch; a seng Séil huet sech gefreet an huet gesprach: De Gerechte gëtt héich gehuewen, an d’Lämmche vun der Grondleeung vun der Welt un gëtt ëmbruecht; an duerch de Glawe sinn ech am Schouss vum Papp, a kuckt, Zion ass bei mir.
48 An et huet sech erginn: Den Henoch huet op d’Äerd gekuckt, an hien huet eng Stëmm aus dem Banneschte vun der Äerd héieren, nämlech: Wéi, Wéi ass mir, der Mamm vun de Mënschen; ech si gepéngegt, ech si midd wéinst der Schlechtegkeet vu menge Kanner. Wéini wäert ech roue kënnen a vum Knascht propper gemaach ginn, deen aus mir ervirgaangen ass? Wéini hellegt mech mäi Kreateur, fir datt ech roue kéint an op mengem Gesiicht eng Zäitlaang Gerechtegkeet herrscht?
49 A wéi den Henoch d’Äerd kloen héieren huet, huet hie gekrasch an zum Här geruff: O Här, wëlls du da kee Matleed mat der Äerd hunn? Wëlls du dann d’Kanner vum Noah net séinen?
50 An et huet sech erginn: Den Henoch huet weider gemaach, zum Här ze ruffen, nämlech: Ech bieden dech, O Här, am Numm vun dengem Eenzege Gebuerenen, jo, dem Jesus Christus, hunn Erbaarme mam Noah a sengen Nokommen, datt d’Äerd ni méi erëm vun Iwwerschwemmunge bedeckt gëtt.
51 An den Här konnt him dat net ofschloen; an hien huet mam Henoch eng Allianz gemaach an him mat engem Eed geschwuer, hie géif den Iwwerschwemmunge kommandéieren ze stoppen, hie géif d’Kanner vum Noah uruffen;
52 an hien huet en onverännerlecht Dekreet erausgeschéckt, datt en Iwwerrescht vu sengen Nokommen ëmmer ënnert all de Vëlker fonnt soll ginn, soulaang d’Äerd besteet;
53 An den Här huet gesprach: Geséint ass deen, aus deem sengen Nokommen de Messias komme wäert, well hie schwätzt: Ech sinn de Messias, de Kinnek vun Zion, de Fiels vum Himmel, deen sou wäit ass wéi d’Éiwegkeet; wien bei der Dier erakënnt an duerch mech héich klëmmt, wäert op kee Fall falen; geséint sinn dofir déijéineg, vun deenen ech geschwat hunn, well si wäerte mat Lidder vun éiweger Freed ervirkommen.
54 An et huet sech erginn: Den Henoch huet zum Här geruff, nämlech: Wann de Jong vum Mënsch am Fleesch kënnt—wäert dann d’Äerd rouen? Ech bieden dech, weis mir dat.
55 An den Här huet zum Henoch gesprach: Kuck, an hien huet gekuckt an huet de Jong vum Mënsch gesinn, wéi hien no der Manéier vun de Mënschen op d’Kräiz héich gehuewe war;
56 an hien huet eng haart Stëmm héieren, an d’Himmele ware verschleiert, an all Kreatioune Gottes hu geklot, an d’Äerd huet gejéimert, an d’Fielsen hunn sech gespléckt, an d’Helleger sinn opgestanen a sinn zur rietsen Hand vum Jong vum Mënsch mat Kroune vun Herrlechkeet gekréint ginn,
57 an all Geeschter, déi am Prisong waren, koumen ervir a stoungen zur rietsen Hand Gottes, an déi iwwreg goufe bis zum Geriicht vum groussen Dag a Kette vun der Däischtert behalen.
58 An erëm huet den Henoch gekrasch an zum Här geruff, nämlech: Wéini wäert d’Äerd rouen?
59 An den Henoch huet de Jong vum Mënsch bei de Papp opfuere gesinn; an hien huet den Här ugeruff, nämlech: Wäerts du net op d’Äerd erëm kommen? Well du bass Gott, an ech kennen dech, an du hues mir geschwuer a mir kommandéiert, am Numm vun dengem Eenzege Gebuerenen ze bieden; du hues mech erschaf a mir ee Recht op däin Troun ginn, an dat net aus mir selwer, mee duerch deng Gnod; dofir froen ech dech, ob s du net nach eng Kéier op d’Äerd komme wäerts.
60 An den Här huet zum Henoch gesprach: Sou wouer ech liewen, wäert ech an de leschten Deeg kommen, an den Deeg vun der Schlechtegkeet an der Vergeltung, fir den Eed ze erfëllen, deen ech dir a Bezuch op dem Noah seng Kanner geschwuer hunn;
61 an den Dag wäert kommen, wou d’Äerd roue wäert, awer virun deem Dag wäerten sech d’Himmele verdäischteren, an ee Schleier vun Däischtert wäert d’Äerd bedecken; an d’Himmele wäerten zidderen a genausou d’Äerd; a grouss Tribulatioune wäerten iwwer d’Mënsche kommen, awer mäi Vollek wäert ech beschützen;
62 an ech wäert Gerechtegkeet aus dem Himmel erof schécken, a Wourecht wäert ech aus der Äerd ervirgoe loossen, fir Temoignage ze gi vu mengem Eenzeg Prokreéierten, vu senger Opersteeung vun den Doudegen, jo, an och vun der Opersteeung vun all Mënschen; a Gerechtegkeet a Wourecht wäert ech iwwer d’Äerd stréime loosse wéi eng Iwwerschwemmung, fir meng Auserwielten aus de véier Deeler vun der Äerd op eng Plaz ze sammelen, déi ech prett maache wäert, eng helleg Stad, fir datt mäi Vollek sech de Rimm unzitt an auskuckt no der Zäit vu mengem Kommen; well do soll meng helleg Wunneng sinn, a se wäert Zion heeschen, een Neit Jerusalem.
63 An den Här huet zum Henoch gesprach: Da wäerts du mat denger ganzer Stad hinnen do begéinen, a mir wäerten si an eisem Schouss ophuelen, a si wäerten eis gesinn; a mir wäerten hinnen ëm den Hals falen, a si wäerten eis ëm den Hals falen, a mir wäerten een den anere këssen.
64 An do wäert meng Wunneng sinn, an et wäert Zion sinn, dat aus alle Schëpfungen ervirgoe wäert, déi ech erschaf hunn; an dausend Jore laang wäert d’Äerd rouen.
65 An et huet sech erginn: Den Henoch huet deen Dag gesinn, wou de Jong vum Mënsch komme géif—an de leschten Deeg, datt hien dausend Jore laang a Gerechtegkeet op der Äerd wunne géif;
66 awer virun deem Dag huet hie grouss Tribulatiounen ënnert de Béise gesinn; an hien huet och gesinn, datt d’Mier onroueg war an datt de Mënschen d’Häerz versot huet, well voll Angscht hunn si de Riichterspréch vum allmächtege Gott entgéint gebléckt, déi iwwer déi Béis komme géifen.
67 An den Här huet dem Henoch alles gewisen, jo, souguer bis zum Enn vun der Welt; an hien huet den Dag vun der Gerechtegkeet, d’Stonn vun hirer Erléisung, gesinn, an hien huet eng Fëllt vu Freed empfaangen.
68 An all déi Deeg vun Zion an den Deeg vum Henoch waren dräihonnertfënnefasiechzeg Joren.
69 An den Henoch an all säi Vollek si mat Gott getrëppelt, an hien huet matzen an Zion gewunnt; an et huet sech erginn: Zion war net méi, well Gott huet et a säi Schouss opgeholl. A vun dohier kënnt d’Ried: Zion ass Geflücht.