Scriptures
Moses 4


Kapitel 4

(Juni–Oktober 1830)

Wéi de Satan zum Däiwel gouf—Hie verféiert d’Eva—Den Adam an d’Eva falen, an den Doud kënnt an d’Welt.

1 An ech, den Här Gott, hunn zum Moses gesprach, nämlech: Dee Satan, deem s du am Numm vu mengem Eenzege Gebuerene kommandéiert hues, ass deselwechten, dee vun Ufank u gewiescht ass; an hien ass viru mech komm an huet gesprach: Kuck, hei sinn ech, schéck mech, Ech wëll däi Jong sinn, an ech wëll déi ganz Mënschheet erléisen, datt och net eng Séil verluere geet, an ech wäert et sécher maachen; dofir gëff mir deng Éier.

2 Awer kuckt: Mäi léiwe Jong, dee mäi Léiwen a Gewielte vun Ufank u war, huet zu mir gesprach: Papp, däi Wëlle geschitt, an däi sief d’Herrlechkeet fir ëmmer.

3 Dofir, well de Satan sech géint mech rebelléiert huet an duerno gesicht huet, d’Entscheedungsfräiheet ze vernichten, déi ech, den Här Gott, dem Mënsch ginn hat, a well ech him och meng eege Muecht sollt ginn, hunn ech hien duerch d’Muecht vu mengem Eenzege Gebuerenen erof geheie gelooss;

4 An hien ass de Satan ginn, jo, nämlech den Däiwel, de Papp vun all Ligen, d’Mënschen ze täuschen an ze verblenden an si no sengem Wëlle gefaangen ze féieren, jo, alleguerten, déi net op meng Stëmm lauschtere wëllen.

5 D’Schlaang awer war méi schlau wéi all Déiere vum Feld, déi ech, den Här Gott, erschaf hat.

6 An de Satan huet et der Schlaang an d’Häerz geluecht (well hien hat der vill zu sech gezunn), an hien huet och duerno gesicht, d’Eva ze verféieren, well hien huet d’Absicht Gottes net erkannt, an dofir huet hien duerno gesicht, d’Welt ze vernichten.

7 An hien huet zu der Fra geschwat: Jo, huet da Gott gesot, dir sollt net vun alle Beem vum Gaart iessen? (An hien huet duerch de Mond vun der Schlaang geschwat.)

8 An d’Fra huet zur Schlaang gesprach: Vun der Fruucht vun de Beem aus dem Gaart dierfe mir iessen;

9 awer vun der Fruucht vum Bam, deen s du matzen am Gaart gesäis, huet Gott gesot: Iesst net dovunner a réiert net dorunner, soss wäert dir stierwen.

10 An d’Schlaang huet zu der Fra gesprach: Dir wäert net sécherlech stierwen;

11 well Gott weess: Un deem Dag, wou dir dovunner iesst, wäerten iech d’Aen opgoen, an dir wäert wéi Gëtter sinn, déi Gutt a Béis erkennen.

12 A wéi d’Fra gesinn huet, datt de Bam gutt fir ze iessen an eng Loscht fir d’Aen an ee wënschenswäerte Bam war, fir hatt weis ze maachen, do huet hatt vun der Fruucht geholl, an hatt huet giess; an hatt huet och hirem Mann, dee bei hir war, dovunner ginn, an hien huet giess.

13 An hinnen zwee sinn d’Aen opgaangen, an si hunn erkannt—datt si plakeg gewiescht waren. A si hu Figeblieder zesumme geheft an hunn sech Schiertecher gemaach.

14 An si hunn d’Stëmm Gottes, dem Här, héieren, wéi si an der Frëscht vum Dag am Gaart getrëppelt sinn; an den Adam a seng Fra hunn sech virun der Géigewaart Gottes dem Här ënnert de Beem am Gaart verstoppt.

15 An ech, den Här Gott, hunn den Adam geruff an zu him gesprach: Wou bass du?

16 An hien huet gesprach: Ech hunn deng Stëmm am Gaart héieren, an ech hu mech gefaart, well ech hu gesinn, datt ech plakeg war, an hu mech verstoppt.

17 An ech, den Här Gott, hunn zum Adam gesprach: Wien huet dir gesot, datt s du plakeg bass? Hues du vun deem Bam giess, vun deem ech dir kommandéiert hunn, net ze iessen, well s du soss sécherlech stierwe géifs?

18 An de Mënsch huet gesprach: Déi Fra, déi s du mir ginn hues an déi no dengem Gebot bei mir bleiwe soll—hatt huet mir vun der Fruucht vum Bam ginn, an ech hu giess.

19 An ech, den Här Gott, hunn zur Fra gesprach: Wat hues du do gemaach? An d’Fra huet gesprach: D’Schlaang huet mech verfouert, an ech hu giess.

20 An ech, den Här Gott, hunn zur Schlaang gesprach: Well s du dat gemaach hues, solls du verflucht si virun all Véi a virun all Déiere vum Feld; op dengem Bauch solls du goen, a Stëbs solls du friessen all Deeg vun dengem Liewen;

21 an ech wëll Feindschaft setzen tëschent dir an der Fra an tëschent dengem Nokommen an hirem Nokommen; an hie wäert dir de Kapp zerschloen, an du wäerts him d’Feescht zerschloen.

22 Zu der Fra hunn ech, den Här Gott, gesot: Ech wäert däi Leed an deng Konzeptioun staark multiplizéieren. Mat Leed wäerts du Kanner op d’Welt bréngen, an däi Verlaange wäert no dengem Mann sinn, an hie wäert iwwer dech regéieren.

23 An zum Adam hunn ech, den Här Gott, gesprach: Well s du op d’Stëmm vun denger Fra héieren a vun der Fruucht vum Bam giess hues, vun deem ech dir kommandéiert hunn, nämlech: Du solls dovunner net iessen, sou sief de Buedem wéinst denger verflucht; ënner Ustrengung solls du vun em iessen all Deeg vun dengem Liewen.

24 Picken a Gestraich wäert en dir ervirbréngen, an du wäerts d’Kraut vum Feld iessen.

25 Am Schweess vun dengem Gesiicht wäerts du Brout iessen, bis du an den Äerdbuedem zeréck gees—well du wäerts sécherlech stierwen—well vum Buedem bass du geholl; well du waars Stëbs, an zum Stëbs muss du zeréck.

26 An den Adam huet seng Fra Eva genannt, well hatt d’Mamm vun alleguerten ass, déi liewen; well sou hunn ech, den Här Gott, déi éischt vun alle Frae genannt, an et sinn hirer vill.

27 An dem Adam an och senger Fra hunn ech, den Här Gott, Räck aus Déierenhaut gemaach an hunn si gekleet.

28 An ech, den Här Gott, hunn zu mengem Eenzeg Prokreeéierte gesprach: Kuck, de Mënsch ass gi wéi eisereen am Erkenne vu Gutt a Béis; an elo, fir datt hien net seng Hand ausstreckt a vum Bam vum Liewen hëlt an ësst a fir ëmmer lieft,

29 wëll ech, den Här Gott, hien aus dem Gaart vun Eden geheien, fir datt hien den Äerdbuedem bebaut, vun deem hie geholl ginn ass.

30 Well sou wouer ech, den Här Gott, liewen, sou kënne meng Wierder net onwierksam bleiwen; well esou, wéi se aus mengem Mond ervirkommen, mussen se sech erfëllen.

31 Sou hunn ech de Mënsch erausgeheit an am Oste vum Gaart vun Eden de Kerubim mam brennende Schwäert gelagert, fir den Zougang zum Bam vum Liewen ze bewaachen.

32 (An dës sinn déi Wierder, déi ech zu mengem Kniecht Moses gesprach hunn; an se si wouer, jo, wéi ech et wëll; an ech hunn se zu dir geschwat. Pass op, datt s du se kengem Mënsch weis, bis ech et dir kommandéieren, ausser deenen, déi gleewen. Amen.)