Auswiel aus dem
Buch vum Moses
En Auszuch aus der Iwwersetzung vun der Bibel, wéi se dem Prophet Joseph Smith opgedeckt gouf, Juni 1830–Februar 1831.
Kapitel 1
(Juni 1830)
Gott weist sech dem Moses—De Moses gëtt verherrlecht—Hie gëtt mam Satan konfrontéiert—De Moses gesäit vill bewunnt Welten—Welten ouni Zuel goufe vum Jong erschaf—Gottes Wierk a Seng Herrlechkeet ass et, d’Onstierflechkeet an dat éiwegt Liewe vum Mënsch ze erméiglechen.
1 D’Wierder Gottes, déi hien zum Moses gesprach huet zu enger Zäit, wéi dësen op een immens héije Bierg opgehuewe gouf.
2 An hien huet Gott vu Gesiicht zu Gesiicht gesinn, an hien huet mat him geschwat, an d’Herrlechkeet Gottes huet op dem Moses gerout; dofir konnt de Moses seng Géigewaart erdroen.
3 A Gott huet zum Moses gesprach, nämlech: Kuck, ech sinn den Här, den allmächtege Gott, an Ouni Enn ass mäin Numm; well ech sinn ouni Ufank vun den Deeg an ouni Enn vun de Joren—an ass dat net ouni Enn?
4 A kuck, du bass mäi Jong; dofir kuck, an ech wäert dir dat weisen, wat meng Hänn erschaf hunn—awer net alles, well meng Wierker sinn ouni Enn wéi och meng Wierder, well se halen ni op.
5 Dofir ka kee Mënsch all meng Wierker gesinn, ausser hie géif all meng Herrlechkeet gesinn; a kee Mënsch kann all meng Herrlechkeet gesinn an duerno nach am Fleesch op der Äerd verbleiwen.
6 An ech hunn eng Aarbecht fir dech, mäi Jong Moses; an du bass mengem Eenzeg Prokreéierten änlech; a mäin Eenzege Gebuerenen ass den Erléiser a wäert et sinn, well hien ass voller Gnod a Wourecht; mee et gëtt kee Gott niewent mir, a bei mir ass alles aktuell, well ech kennen et alles.
7 An elo kuck, dëst eent weisen ech dir, mäi Jong Moses; well du bass an der Welt, an elo weisen ech et dir.
8 An et huet sech erginn: De Moses huet gekuckt an huet d’Welt gesinn, op där hien erschaf gi war; an de Moses huet d’Welt an hir Enne gesi souwéi all Mënschen, déi et gëtt an déi erschaf gi sinn; an doriwwer huet hie gestaunt an huet sech vill gewonnert.
9 An d’Géigewaart Gottes huet sech vum Moses zeréckgezunn, sou datt seng Herrlechkeet net méi um Moses gerout huet; an de Moses war sech selwer iwwerlooss. A well hien sech selwer iwwerlooss war, ass hien zur Äerd gefall.
10 An et huet sech erginn: Et huet vill Stonne laang gedauert, bevir de Moses erëm seng natierlech mënschlech Kraaft kritt huet; an hien huet bei sech gesprach: Elo weess ech also, datt de Mënsch näischt ass, an dat hätt ech ni geduecht.
11 Awer ech hu mat eegenen Ae Gott gesinn, awer net mat mengen natierlechen Aen, mee mat menge geeschtegen Aen, well meng natierlech Aen hätten net kënne gesinn; well ech wär a senger Géigewaart vergaangen an hätt stierwe missen, mee seng Herrlechkeet huet op mir gerout, an ech hu säi Gesiicht gesinn, well ech si virun him verkläert ginn.
12 An et huet sech erginn: Wéi de Moses dës Wierder gesprach hat, kuckt, do koum de Satan, fir hien ze versichen, nämlech: Moses, Jong vum Mënsch, biet mech un.
13 An et huet sech erginn: De Moses huet de Satan ugekuckt a gesprach: Wien bass du? Well kuck, ech sinn ee Jong Gottes, no der Änlechkeet vu sengem Eenzeg Prokreéierten; a wou ass deng Herrlechkeet, datt ech dech ubiede sollt?
14 Well kuck, ech hätt Gott net ukucke kënnen, wann net seng Herrlechkeet iwwer mech komm an ech virun him gestäerkt gi wär. Dech awer kann ech ukucken als natierleche Mënsch. Gewëss, ass et net sou?
15 Geséint sief den Numm vu mengem Gott, well säi Geescht huet sech net ganz vu mir zeréckgezunn; oder wou wär da soss deng Herrlechkeet, déi jo fir mech nëmmen Däischtert ass? An ech kann tëschent dir a Gott ënnerscheeden, well Gott huet zu mir gesot: Biet Gott un, well him eleng solls du déngen.
16 Hief dech ewech, Satan; täusch mech net; Well Gott huet zu mir gesot: Du bass nom Ebenbild vu mengem Eenzeg Prokreeéierten.
17 An hien huet mir och Geboter ginn, wéi hie mir aus dem brennende Bësch zougeruff huet, nämlech: Ruff Gott un am Numm vu mengem Eenzege Gebuerenen, a biet mech un.
18 A weider huet de Moses gesprach: Ech wäert net ophalen, Gott unzeruffen, hunn ech jo nach aner Saachen, wat ech hie froe wëll: well seng Herrlechkeet huet op mir gerout, an dofir kann ech tëschent him an dir ënnerscheeden. Géi ewech vun hei, Satan.
19 An elo, wéi de Moses dës Wierder gesprach hat, huet de Satan mat haarder Stëmm gejaut, huet op der Äerd Damp ofgelooss a kommandéiert, nämlech: Ech sinn den Eenzeg Prokreeéierten, biet mech un.
20 An et huet sech erginn: De Moses huet ugefaangen, sech immens ze fäerten, a wéi hien ugefaangen huet mat fäerten, huet hien d’Batterkeet vun der Hell gesinn. Awer wéi hie Gott ugeruff huet, huet hie Kraaft empfaangen, an hien huet kommandéiert, nämlech: Géi ewech vu mir, Satan; well eleng dëse Gott wëll ech ubieden, nämlech de Gott vun der Herrlechkeet.
21 An elo huet de Satan mat zidderen ugefaangen, an d’Äerd huet gebieft; an de Moses huet Kraaft empfaangen an huet Gott ugeruff, nämlech: Am Numm vum Eenzege Gebuerenen, géi ewech vun hei, Satan.
22 An et huet sech erginn: De Satan huet mat haarder Stëmm gejaut—mat Kräischen a Jéimeren an Zänn knirschen; an hien ass ewech gaangen, jo, aus der Géigewaart vum Moses, sou datt hien en net méi gesinn huet.
23 An elo, de Moses huet dovunner Temoignage ginn; mee wéinst der Béist gëtt et et net ënnert de Mënschekanner.
24 An et huet sech erginn: Wéi de Satan aus der Géigewaart vum Moses fort war, huet de Moses d’Aen zum Himmel erop gehuewen, well hie war vum Hellege Geescht erfëllt, deen Temoignage gëtt vum Papp a vum Jong;
25 a wéi hien den Numm Gottes ugeruff huet, huet hien erëm seng Herrlechkeet gesinn, well se huet op him gerout; an hien huet eng Stëmm héieren, nämlech: Geséint bass du, Moses, well ech, den Allmächtegen, hunn dech gewielt, an du solls méi staark gemaach gi wéi vill Waasser, well se wäerten dengem Gebot follegen, wéi wann s du Gott wiers.
26 A kuck do, ech si mat dir, jo, bis un d’Enn vun dengen Deeg; well du solls mäi Vollek aus der Sklaverei befreien, jo, Israel, meng Gewielten.
27 An et huet sech erginn: Wéi d’Stëmm nach geschwat huet, huet de Moses ronderëm gekuckt an huet d’Äerd gesinn, jo, déi ganz Äerd; an et ass och net de klengsten Deel dovunner, deen hien net gesinn huet; well duerch de Geescht Gottes huet hien alles kloer gesinn.
28 An hien huet och d’Bewunner vun der Äerd gesinn, an et ass do och net eng Séil ginn, déi hien net gesinn huet; an duerch de Geescht Gottes huet hien si kloer gesinn; an hir Unzuel war grouss, jo, sou grouss wéi de Sand um Strand vum Mier.
29 An hien huet vill Länner gesinn; an all Land gouf Äerd genannt, an et ware Bewunner doropper.
30 An et huet sech erginn: De Moses huet Gott ugeruff, nämlech: Ech bieden dech, erziel mir, firwat dëst alles esou ass a wouduerch du et erschaf hues.
31 A kuckt, d’Herrlechkeet vum Här huet um Moses gerout, sou datt de Moses an der Géigewaart Gottes stoung a mat him vu Gesiicht zu Gesiicht geschwat huet. An den Här Gott huet zum Moses gesprach: Fir meng eegen Zwecker hunn ech et erschaf. Hei ass Weisheet, an se verbleift a mir.
32 An duerch d’Wuert vu menger Muecht hunn ech se erschaf, nämlech duerch mäin Eenzeg Prokreeéierte Jong, dee voller Gnod a Wourecht ass.
33 A Welten ouni Zuel hunn ech erschaf; an ech hunn se och fir meng eegen Zwecker erschaf; an duerch de Jong hunn ech se erschaf, nämlech duerch mäin Eenzeg Prokreeéierten.
34 An den éischte vun alle Mënschen hunn ech Adam genannt, wat vill bedeit.
35 Awer ech ginn dir nëmme Bericht vun dëser Äerd an hire Bewunner. Well kuck, et gi vill Welten, déi duerch d’Wuert vu menger Muecht vergaange sinn. An et ginn der vill, déi elo bestoen, a fir de Mënsch sinn se net ze zielen; awer mir sinn se alleguerte gezielt, well se si mäin, an ech kennen se.
36 An et huet sech erginn: De Moses huet zum Här gesprach, nämlech: Sief baarmhäerzeg zu dengem Kniecht, o Gott, an erziel mir a Bezuch op dës Äerd an hire Bewunner an och a Bezuch op d’Himmelen, da wäert däi Kniecht zefridde sinn.
37 An den Här Gott huet zum Moses gesprach, nämlech: Där Himmele sinn et der vill, a se kënne fir de Mënsch net gezielt ginn; awer mir sinn se gezielt, well se si mäin.
38 A wéi déi eng Äerd mat hiren Himmele vergoe wäert, sou wäert eng aner kommen; a meng Wierker hu keen Enn, och net meng Wierder.
39 Well kuck, et ass mäi Wierk a meng Herrlechkeet, déi Onstierflechkeet an dat éiwegt Liewe vum Mënsch mat sech bréngen.
40 An elo, Moses, mäi Jong, wëll ech zu dir iwwer d’Äerd schwätzen, op där s du stees; an du solls dat, wat ech schwätze wäert, nidderschreiwen.
41 An un engem Dag, wou d’Mënsche meng Wieder fir näischt uechten an därer vill aus deem Buch, dat s du schreiwe solls, eraushuele wäerten, kuck, da wäert ech een aneren, dir gläich, erwächen; an da wäerten se erëm ënnert de Mënschen do sinn—ënnert alleguerten, déi gleewen.
42 (Dës Wierder goufen zum Moses gesprach, an zwar op deem Bierg, deem säin Numm ënnert de Mënschen net bekannt wäert sinn. An elo ginn se zu dir gesprach. Weis se kengem ausser deenen, déi gleewen. Jo. Amen.)