Kapitel 5
D’Gëtter maachen Hir Planung vun der Schëpfung vun alle Saache fäerdeg—Si bréngen d’Schëpfung no Hire Pläng zum Wierken—Den Adam benennt all liewegt Wiesen.
1 An sou wëlle mir komplettéiere d’Himmelen an d’Äerd mat hirer ganzer Mass.
2 An d’Gëtter hu bei sech gesprach: Zur siwenten Zäit wëlle mir eist Wierk komplettéiert hunn, wéi mir et beroden hunn; an zur siwenten Zäit wëlle mir roue vun all eisem Wierk, dat mir beroden hunn.
3 An d’Gëtter hunn zur siwenten Zäit Schluss gemaach, well zur siwenten Zäit wollten si vun all hire Wierker rouen, déi ze formen si (d’Gëtter) beroden haten, a si hunn déi Zäit gehellegt. An esou waren hir Entscheedungen zu där Zäit, wou si matenee beroden hunn, d’Himmelen an d’Äerd ze formen.
4 An d’Gëtter koumen erof an hunn dës Generatioun vun den Himmelen an der Äerd geformt, wéi se geformt goufen un deem Dag, wou d’Gëtter d’Äerd an d’Himmele geformt hunn
5 no all deem, wat si gesprach haten a Bezuch op jiddwer Planz vum Feld, bevir se op der Äerd war, a jiddwer Kraut vum Feld, bevir et gewuess ass; well d’Gëtter haten nach net reene gelooss op der Äerd, wéi si beroden hunn, se ze maachen, an haten nach kee Mënsch geformt, deen d’Äerd bebaue sollt.
6 Awer dann ass aus der Äerd een Donst eropkomm an huet de ganzen Äerdbuedem arroséiert.
7 An d’Gëtter hunn de Mënsch aus dem Stëbs vum Äerdbuedem geformt an hunn de Geescht (nämlech de Geescht vum Mënsch) geholl an hunn en an e gemaach; an an d’Nueslächer hunn si him den Otem vum Liewe gehaucht, an de Mënsch gouf eng lieweg Séil.
8 An d’Gëtter hunn ee Gaart an Eden geplanzt, géint Osten, an hunn doranner de Mënsch gesat, deem säi Geescht si an de Leif gemaach haten, deen si geformt haten.
9 An aus dem Äerdbuedem hunn d’Gëtter all Bam wuesse gelooss, deen angeneem unzekucken a gutt fir ze Iessen ass; an der Mëtt vum Gaart och de Bam vum Liewen an de Bam vun der Erkenntnis vu Gutt a Béis.
10 An do war ee Floss, deen ausgaangen ass vun Eden, wou hien de Gaart arroséiert huet, a vun do un huet en sech gedeelt an ass zu véier Haaptflëss ginn.
11 An d’Gëtter hunn de Mënsch geholl an hunn hien an de Gaart vun Eden gesat, fir en ze bebauen an op en opzepassen.
12 An d’Gëtter hunn dem Mënsch kommandéiert, nämlech: Vun alle Beem vum Gaart kanns du gären iesse wéi s du wëlls,
13 awer vum Bam vun der Erkenntnis vu Gutt a Béis solls du net iessen; well zu där Zäit, wou s du dovunner ëss, wäerts du sécherlech stierwen. Ech awer, Abraham, hu gesinn, datt dës no der Zäit vum Här war, déi no der Zäit vum Kolob ass; well d’Gëtter haten dem Adam seng Zäitrechnung nach net bestëmmt.
14 An d’Gëtter hu gesprach: Loosst eis fir de Mënsch eng Hëllef maachen, him gläich; well et ass net gutt, datt de Mënsch eleng wier, dofir wëlle mir eng Hëllef erschafen, him gläich.
15 An d’Gëtter hunn een déiwe Schlof op den Adam fale gelooss; an hien huet geschlof, a si hunn eng vu senge Rëppe geholl an hunn déi Plaz mat Fleesch zou gemaach;
16 an aus der Rëpp, déi d’Gëtter vum Mënsch geholl haten, hunn si eng Fra erschaf an hatt zum Mënsch bruecht.
17 An den Adam huet gesprach: Dat war Been vu menge Schanken a Fleesch vu mengem Fleesch; elo soll hatt Ischa, Fra, heeschen, well vum Isch, vum Mann, gouf hatt geholl;
18 dofir soll ee Mann säi Papp a seng Mamm verloossen an u senger Fra festhalen; a si sollen zu engem Fleesch ginn.
19 Déi zwee awer, de Mënsch a seng Fra, ware plakeg, an si hunn sech net geschummt.
20 An aus dem Äerdbuedem haten d’Gëtter all Déiere vum Feld an all Villercher vun der Loft erschaf, an si hunn se zum Adam bruecht, fir ze gesinn, wéi hien se nenne géif; a wéi och ëmmer den Adam iergendeng lieweg Kreatur nenne géif, sou soll et heeschen.
21 An den Adam huet allem Véi an de Villercher an der Loft an allen Déiere vum Feld hiren Numm ginn; a fir den Adam huet sech eng Hëllef fonnt, him gläich.