Scriptures
Abraham 1


D’Buch vum Abraham

Aus dem Papyrus iwwersat vum Joseph Smith

Eng Iwwersetzung vun e puer anticke Schrëften, déi aus de Katakombe vun Ägypten an eis Hänn gefall sinn. D’Schrëfte vum Abraham, aus senger Zäit an Ägypten, genannt d’Buch vum Abraham, vu senger eegener Hand op Papyrus geschriwwen.

Kapitel 1

Den Abraham sicht d’Seege vun der patriarchalescher Uerdnung—Hie gëtt vu falsche Priister a Chaldea verfollegt—De Jehova rett hien—D’Originnen an d’Regierung vun Ägypten ginn iwwerpréift.

1 Am Land vun de Kaldäer, am Wunnsëtz vu mengem Papp, hunn ech, Abraham, agesinn, datt et fir mech néideg war, een anere Wunnsëtz ze sichen;

2 an et ass mir bewosst ginn, datt mir dat méi Gléck a Fridden a Rou brénge géif, an sou hunn ech no de Seenunge vun de Pappen an dem Recht gesicht, wouzou ech veruerdent misst sinn, fir se aneren ze spenden; ech selwer hat mech u Gerechtegkeet gehalen a mir gewënscht, een ze sinn, dee vill Wësse besëtze géif an sech nach méi un d’Gerechtegkeet festhale géif an nach méi Wësse kréie kéint an de Papp vu villen Natioune wär, ee Prënz vum Fridden; ech hat de Wonsch, Beléierung ze empfänken an d’Geboter Gottes ze halen, an sou sinn ech ee richtegen Ierf ginn, een Hohepriister, deen dat Recht hält, dat de Pappe gehéiert huet.

3 Et ass mir vun de Pappen iwwerdroe ginn; et koum vun de Pappen hier, vum Ufank vun der Zäit hier, jo, nämlech vum Ufank, also nach virun der Grondleeung vun der Äerd, bis an déi haiteg Zäit, nämlech d’Recht vum Éischte Prokreéierten, dat um éischte Mënsch war, um Adam, eisem éischte Papp, an duerch d’Pappe bis bei mech.

4 Ech hunn duerno gesicht, zum Priistertum bestëmmt ze ginn, wéi Gott et de Pappen a Bezuch op d’Nokomme bestëmmt hat.

5 Meng Pappen haten sech vun hirer Gerechtegkeet a vun den hellege Geboter, déi den Här, hire Gott, hinne ginn hat, ofgewannt, sou datt si d’Gëtter vun den Heede veréiert hunn; a si hunn sech ferm geweigert, op meng Stëmm ze lauschteren;

6 well hiert Häerz war dorobber aus, Béises ze maachen, an si haten sech ganz dem Gott vun Elkena an dem Gott vu Libna an dem Gott vu Mamakra an dem Gott vu Korasch an dem Gott vum Pharao, dem Kinnek vun Ägypten, zougewannt;

7 dofir hunn si d’Häerz der heedneschen Affergewunnecht zougewannt, andeems si hir Kanner de stomme Gëtzen geaffert hunn an net op meng Stëmm héieren hunn, mee dorobber aus waren, mir duerch de Priister vun Elkena d’Liewen huelen ze loossen. De Priister vun Elkena war och de Priister vum Pharao.

8 Deemools awer war et de Brauch, datt de Priister vum Pharao, dem Kinnek vun Ägypten, um Altor, deen am Land Kaldäa opgeriicht war, dëse frieme Gëtter Männer, Fraen a Kanner als Affer bruecht huet.

9 An et huet sech erginn: De Priister huet dem Gott vum Pharao an och dem Gott vum Schagriel, nämlech no der Weis vun den Ägypter, geaffert. De Gott vum Schagriel awer war d’Sonn.

10 De Priister vum Pharao huet um Altor, dee bei deem Hiwwel stoung, deen den Hiwwel Potifar genannt gouf, um ieweschten Enn vum Niveau vun Olischem souguer ee Kand als Dankaffer duerbruecht.

11 Dëse Priister awer hat op dësem Altor dräi Jongfraen an enger Kéier geaffert, an dat waren d’Duechtere vum Onita, engem kinneklechen Nokommen direkt aus der Hëft vum Ham. Dës Jongfrae goufe wéinst hirer Dugend geaffert; si wollten sech net dozou hierginn, Gëtter aus Holz oder Steng ze veréieren, an dofir goufen si op dësem Altor ëmbruecht, an et ass no der Weis vun den Ägypter geschitt.

12 An et huet sech erginn: D’Priister sinn u mech gaangen, fir och mech ëmzebréngen, wéi si et mat deene Jongfraen um Altor gemaach haten; a fir datt ee Wëssen huet vun dësem Altor, wëll ech op d’Duerstellung um Enn vun dësem Bericht verweisen.

13 E war a Form vun engem Bett gemaach, wéi et bei de Kaldäer benotzt gouf, an e stoung virun de Gëtter vun Elkena, Libna, Mamakra, Korasch an och engem Gott gläich deem vum Pharao, dem Kinnek vun Ägypten.

14 Fir datt een eng Virstellung vun dëse Gëtter huet, hunn ech an der Illustratioun um Ufank hiert Ausgesinn uginn, an dës Aart vun Illustratioun gëtt vun de Kaldäer ralinos genannt, wat Hieroglyphe bedeit.

15 Wéi si elo d’Hänn géint mech erhuewen hunn, fir mech ze afferen a mir d’Liewen ze huelen, kuckt, do hunn ech d’Stëmm zum Här, zu mengem Gott, erhuewen, an den Här huet et matkritt a mech erhéiert, an hien huet mech mat der Visioun vum Allmächtegen erfëllt, an den Engel vu senger Géigewaart stoung mir bäi an huet mir direkt d’Bänner geléist;

16 a seng Stëmm ass u mech ergaangen: Abraham, Abraham, kuck, mäin Numm ass Jehova, an ech hunn dech erhéiert a sinn erofkomm, fir dech ze befreien an dech aus dem Haus vun dengem Papp a vun denger ganzer Famill ewechzeféieren an ee friemt Land, vun deem s du näischt weess—

17 an dëst, well si d’Häerz vu mir ofgewannt hunn, fir de Gott vun Elkena an de Gott vum Libna an de Gott vum Mamakra an de Gott vum Korasch an de Gott vum Pharao, dem Kinnek vun Ägypten, ze veréieren; dofir sinn ech erofkomm, fir si heemzesichen an deen ze vernichten, dee seng Hand géint dech, mäi Jong Abraham, erhuewen huet, fir dir d’Liewen ze huelen.

18 Kuck, ech wëll dech mat menger Hand féieren, an ech wëll dech huelen an dir mäin Numm operleeën, jo, d’Priistertum vun dengem Papp, a meng Kraaft wäert iwwert dir sinn.

19 Wéi et mam Noah war, sou wäert et mat dir sinn; awer duerch däi geeschtlecht Wierke soll mäin Numm op der Äerd bekannt si fir ëmmer, well ech sinn däi Gott.

20 Kuckt, den Hiwwel Potifar war am Land Ur a Kaldäa. An den Här huet den Altor vun Elkena an dee vun de Gëtter vum Land zerbrach an huet se ganz zerstéiert an huet de Priister geschloen, sou datt hie gestuerwen ass; an et war grouss Trauer a Kaldäa an och um Haff vum Pharao; a Pharao bedeit Kinnek aus kinneklechem Blutt.

21 Dëse Kinnek vun Ägypten awer war een Nokommen aus der Hëft vum Ham an hat duerch seng Gebuert kanaanitescht Blutt an den Oderen.

22 Vun dëser Linn stamen all Ägypter, an sou ass dat kanaanitescht Blutt am Land erhale bliwwen.

23 D’Land Ägypte gouf als éischt vun enger Fra entdeckt; hatt war d’Duechter vum Ham an d’Duechter vun Egyptus, wat op kaldäesch Ägypte bedeit an dat bezeechent, wat verbueden ass.

24 Wéi dës Fra d’Land entdeckt huet, war et ënner Waasser; an duerno huet hatt hir Jongen doranner ugesidelt; an sou staamt déi Rass, déi de Fluch an deem Land behalen huet, vum Ham.

25 Déi éischt Regierung an Ägypte gouf awer vum Pharao, dem eelste Jong vun der Egyptus, der Duechter vum Ham, ageriicht, an zwar no der Aart vun der Regierung vum Ham, déi patriarchalesch war.

26 De Pharao, deen ee gerechte Mann war, huet säi Kinnekräich gerechtfäerdegt a säi Vollek verstänneg a gerecht geriicht, all seng Deeg, an hien huet seriö duerno gesicht, déi Uerdnung, déi vun de Pappen an den éischte Generatiounen opgestallt gi war, an den Deeg vun der éischte patriarchalesche Regierung ze imitéieren, jo, an der Regierung vum Adam an och vum Noah, dee säi Papp war an hie mat de Seenunge vun der Äerd geséint hat, dozou och mat de Seenunge vun der Weisheet, deen hien awer, wat d’Priistertum betrëfft, verflucht hat.

27 De Pharao awer ass vun där Linn komm, duerch déi hien d’Recht vum Priistertum net konnt hunn; trotzdeem hunn d’Pharaoe gären dorobber Usproch erhuewen, an zwar vun Noah hier, duerch den Ham, an dofir gouf mäi Papp duerch hir Idolatrie op falsch Weeër gefouert;

28 awer ech wäert spéider nach dorunner goen, d’Zäitlinn vu mir bis zeréck un den Ufank vun der Schëpfung duerzestellen, well d’Opzeechnunge sinn a meng Hänn komm, an ech besëtzen se bis zu dësem Dag.

29 Elo, nodeems de Priister vun Elkena geschloe war, sou, datt hie gestuerwen ass, ass dat, wat mir a Bezuch op d’Land Kaldäa gesot gi war, an Erfëllung gaangen, datt et nämlech eng Hongersnout am Land wäert ginn.

30 Et huet also am ganze Land eng Hongersnout geherrscht, a mäi Papp war duerch d’Hongersnout schwéier geplot, an hien ass vun deem Béisen ëmgekéiert, dat hie géint mech beschloss hat, nämlech mir d’Liewen ze huelen.

31 Awer den Här Gott hat d’Opzeechnunge vun de Pappen, jo, vun de Patriarchen iwwert d’Recht op d’Priistertum a mengen Hänn versuergt; dofir hunn ech d’Wësse vum Ufank vun der Schëpfung an och vun de Planéiten a Stären, wéi se de Pappe gewise gouf, bis zu dësem Dag versuergt, an ech wäert dorunner goen, e puer Saachen dovunner zum Notze vu mengen Nokommen, déi no mir komme wäerten, an dëse Bericht opzehuelen.