Scriptures
Abraham 3


Kapitel 3

Den Abraham léiert iwwer d’Sonn, de Mound an d’Stären duerch den Urim an den Thummim—Den Här weist him déi éiweg Natur vun de Geeschter—Hie léiert vum vir-äerdesche Liewen, der Vir-Veruerdnung, der Schëpfung, der Auswiel vun engem Erléiser an dem zweete Stand vum Mënsch.

1 An ech, den Abraham, hat den Urim an Thummim, deen den Här, mäi Gott, mir am kaldäeschen Ur ginn hat.

2 An ech hu gesinn, datt d’Stäre ganz grouss waren an datt ee vun deenen dem Troun Gottes méi no war, an et sinn der vill grousser nobäi ginn.

3 An den Här huet zu mir gesprach: Dës sinn et, déi regéieren, an den Numm vum groussen ass Kolob, well e mir no ass, well ech sinn den Här, däi Gott; ech hunn dësen dozou bestëmmt, datt en all déi aner regéiert, déi derselwechten Uerdnung ugehéiere wéi deem, op deem s du stees.

4 An den Här huet mir gesot, an zwar duerch den Urim an Thummim, datt de Kolob no sengen Zäiten a Joreszäiten a sengen Ëmdréiungen der Weis vum Här entsprécht; eng Ëmdréiung wier fir den Här no senger Zäitrechnung een Dag, an dat wieren dausend Jore no där Zäit, déi deem bestëmmt ass, op deem s du stees. Dat ass d’Zäitrechnung vum Här, nämlech no der Zäitrechnung vum Kolob.

5 An den Här huet zu mir gesprach: Dee Planéit, deen dat méi klengt Liicht ass, méi kleng wéi dat, wat den Dag beherrscht, deen awer d’Nuecht beherrscht, steet hisiichtlech der Zäitrechnung iwwer deem, op deem s du dech befënns, ass also méi grouss wéi dësen; well e beweegt sech an enger méi lueser Uerdnung. Dat entsprécht där Uerdnung, well en iwwert der Äerd steet, op däers du dech befënns, an dofir huet seng Zäitrechnung net sou vill Deeg a Méint a Joren.

6 An den Här huet zu mir gesprach: Elo, Abraham, dës zwou Tatsaache bestinn—kuck, deng Ae gesinn dat: Et ass dir ginn, d’Zäitrechnungen an déi gesaten Zäit ze kennen, jo, déi festgesaten Zäit vun der Äerd, op däers du stees, an déi festgesaten Zäit vum méi groussem Liicht, dat gesat ass, den Dag ze beherrschen, an déi festgesaten Zäit vum méi klengem Liicht, dat gesat ass, d’Nuecht ze beherrschen.

7 Awer déi festgesaten Zäit vum méi klengem Liicht ass no senger Zäitrechnung méi laang wéi d’Zäitrechnung vun der Äerd, op däers du stees.

8 A wou dës zwou Tatsaache bestinn, do gëtt et nach eng weider Tatsaach doriwwer eraus, dat heescht, do gëtt et nach ee weidere Planéit, deem seng Zäitrechnung nach méi laang ass;

9 an sou gëtt et déi Zäitrechnung vun deem enge Planéit iwwer där vum aneren eraus, bis du no bei de Kolob kënns, an dëse geet der Zäitrechnung vum Här no; de Kolob ass no un den Troun Gottes gestallt, sou datt en alleguerten déi Planéite regéiere kann, déi derselwechten Uerdnung ugehéiere wéi där, op deem s du stees.

10 An et ass dir ginn, déi bestëmmten Zäit vun alle Stären ze kennen, déi bestëmmt sinn, Liicht ze ginn, bis du no un den Troun Gottes kënns.

11 An sou hunn ech, den Abraham, mam Här vu Gesiicht zu Gesiicht geschwat, wéi ee Mënsch mam anere schwätzt; an hien huet mir vun de Wierker erzielt, déi seng Hänn erschaf haten,

12 an hien huet zu mir gesprach: Mäi Jong, mäi Jong (a seng Hand war ausgestreckt), kuck, ech wäert se dir all weisen. An hien huet mir d’Hand op d’Ae geluecht, an ech hunn dat gesinn, wat seng Hänn erschaf haten, an dat war vill; an et huet sech viru mengen Ae multiplizéiert, an ech konnt d’Enn dovunner net gesinn.

13 An hien huet zu mir gesprach: Dëst ass d’Schineha, d’Sonn. An hien huet zu mir gesprach: Kokab, dat ass Stär. An hien huet zu mir gesprach: Olea, dat ass de Mound. An hien huet zu mir gesprach: Kokaubeam, wat Stäre bedeit oder all grouss Liichter, déi um festen Damp vum Himmel sinn.

14 An an der Nuecht huet den Här des Wierder zu mir gesprach: Ech wëll dech multiplizéieren, dech an deng Nokommen no dir, gläich wéi dës; a wann s du d’Sandkären ziele kéints—sou soll d’Zuel vun dengen Nokomme sinn.

15 An den Här huet zu mir gesprach: Abraham, ech weisen dir dëst, bevir s du no Ägypte gees, fir datt s du all dës Wierder verkënnege géifs.

16 Wann et zwou Saache gëtt, an dat eent dovunner steet iwwert dem aneren, sou gëtt et nach méi Grousses doriwwer; dofir ass de Kolob de gréisste vun alle Kokaubeam, déi s du gesinn hues, well en ass mir am nächsten.

17 Elo, wann et zwou Saache gëtt, dat eent iwwert dem aneren, an de Mound iwwert der Äerd ass, sou sief et, datt et och iwwert deem ee Planéit oder Stär gëtt; an et gëtt näischt, wat den Här, däi Gott, sech am Häerz ze maache virhëlt, wat hien dann net och mécht.

18 Wéi hien also dee méi grousse Stär erschaf hat, sou ass et och do: Wann et zwee Geeschter gëtt, an den een ass méi intelligent wéi den aneren, sou hunn se awer, onofhängeg dovunner, datt den ee méi intelligent ass wéi den aneren, keen Ufank; se hu virdrun existéiert, a se wäerte keen Enn hunn, se wäerten herno nach existéieren, well se sinn gnolaum oder éiweg.

19 An den Här huet zu mir gesprach: Dës zwou Tatsaache bestinn—wann et zwee Geeschter gëtt, an den een ass méi intelligent wéi den aneren, sou gëtt et nach ee weideren, dee méi intelligent ass wéi se. Ech sinn den Här, däi Gott; ech si méi intelligent wéi s’alleguerten.

20 Den Här, däi Gott, huet säin Engel geschéckt, dech aus den Hänn vum Priister vun Elkena ze befreien.

21 Ech wunnen an der Mëtt vun hinnen all; dofir sinn ech elo zu dir erofkomm, fir dir d’Wierker matzedeelen, déi meng Hänn erschaf hunn, wouranner meng Weisheet si all iwwertrëfft, well ech herrschen uewen am Himmel an ënnen op der Äerd mat all Weisheet an Ëmsiicht iwwert all Intelligenzen, déi deng Ae gesinn hunn, vun Ufank un. Ech sinn um Ufank matzen ënnert all déi Intelligenzen erofkomm, déi s du gesinn hues.

22 Den Här awer hat mir, dem Abraham, déi Intelligenze gewisen, déi geformt goufen, bevir d’Welt war; an ënnert all dëse ware vill vun den Nobelen a Groussen;

23 A Gott huet gesinn, datt dës Séile gutt waren, an hie stoung matzen ënnert hinnen, an hien huet gesprach: Dës wäert ech zu mengen Herrscher maachen; well hie stoung ënnert deenen, déi Geeschter waren, an hien huet gesinn, datt se gutt waren; an hien huet zu mir gesprach: Abraham, du bass ee vun hinnen: du bass gewielt ginn, bevir s du gebuer gi bass.

24 An do stoung een ënnert hinnen, dee war Gott gläich, an hien huet zu deene gesprach, déi bei him waren: Mir wëllen erofgoen, well do gëtt et Raum, a mir wëlle vun dëse Stoffen huelen, a mir wëllen eng Äerd schafen, wouropper dës wunne kënnen;

25 a mir wëllen si heiduerch préiwen a kucken, ob si alles maache wäerten, wat och ëmmer den Här, hire Gott, hinne kommandéiert;

26 an déijéineg, déi sech hiren éischte Stand behalen, wäerten dobäigefüügt kréien; wien sech awer säin éischte Stand net behält, wäert keng Herrlechkeet am selwechte Räich mat deenen hunn, déi sech hiren éischte Stand behalen. An déijéineg, déi sech hiren zweete Stand behalen, wäerten Herrlechkeet op sech dobäigefüügt kréie fir ëmmer an ëmmer.

27 An den Här huet gesprach: Wien soll ech schécken? An een huet geäntwert—dem Jong vum Mënsch gläich: Hei sinn ech, schéck mech. An een aneren huet geäntwert a gesprach: Hei sinn ech, schéck mech. An den Här huet gesprach: Ech wäert den éischte schécken.

28 An den zweete gouf rosen an huet sech säin éischte Stand net behalen, an un deem Dag sinn him vill nogaangen.